Interview mat der Augsburger AllgemeineJean-Claude Juncker hält wéineg vu séierem EU-Bäitrëtt vun der Ukrain

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Lëtzebuerger Premier an EU-Kommissiounspresident hält wéineg vun engem méiglechen EU-Bäitrëtt vun der Ukrain - op d’mannst mol engem séieren.
Archivbild
Archivbild
© RTL Archiv

“Wie mat der Ukrain ze dinn hat, dee weess, dass et e Land ass, dat op allen Niveaue vun der Gesellschaft korrupt ass”, sot hien an engem Interview mat der Augsburger Allgemeinen Zeitung, deen um Donneschdeg publizéiert gouf.

Trotz allen Ustrengunge wier Kiew den Ament net bäitrëttsfäeg. Et bréicht fir d’éischt massiv intern Reformen, warnt de Juncker. D’EU hätt scho schlecht Erfarungen a Punkto Rechtsstaatlechkeet mat neie Membere gemaach, dat dierft sech net widderhuelen.

D’Ukrain sollt awer eng Perspektiv kréien, iergendwann EU-Member ze ginn. D’Land géif sech couragéis géint Russland wieren a géif d’europäesch Wäerter verdeedegen. Et misst een dohier iwwert eng Zort Deel-Bäitrëtt nodenken.

Back to Top
CIM LOGO