
Den däitsche Kabarettist Dieter Nuhr ass eegenen Aussoen no u Kriibs erkrankt. Op senger Facebooksäit schwätzt de 66 Joer ale Mann vum Hodgkin-Lymphom.
D'Krankheet wier trotz hirem "schlëmm" kléngenden Numm ganz gutt heelbar, esou den Nuhr. Hie misst sech elo allerdéngs enger Therapie ënnerzéien.
Aus dësem Grond seet hien all seng Optrëtter an Tëleessendunge bis d'Fréijoer of. Och säin traditionelle Joresréckbléck wäert dëst Joer net stattfannen.
Trotz der Diagnos weist sech de Kabarettist zouversiichtlech. "Et hätt och méi schlëmm kënne kommen", schreift hien. Hie wëll d'Behandlung elo duerchzéien a freet sech schonn op en Neistart.