MedienRussland soll Atomwaff am Weltraum virbereeden

AFP
Verschiddene Geheimdéngschter no sollen d'Russen sech drop preparéieren, fir en Atomsprengkapp an d'Weltall ze schéissen.
Bei russesche Militärparade ginn ëmmer nees och déi geféierlechste Waffen am Land gewisen.
Bei russesche Militärparade ginn ëmmer nees och déi geféierlechste Waffen am Land gewisen.
© ULF MAUDER/dpa Picture-Alliance via AFP

Russland wëll Aschätzunge vu verschidde westleche Geheimdéngschter no nach an dësem Joer e Satellit mat engem Atomsprengkapp an de Weltraum bréngen. Dat melle verschidden däitsch Medien. E puer NATO-Länner wiere viru kuerzem iwwer eng entspriechend Warnung informéiert ginn, esou de WDR, NDR an d'Süddeutsche Zeitung. Déi däitsch Arméi soll schonn de Verdeedegungsminister Boris Pistorius a aner Vertrieder vun der Regierung informéiert hunn.

De Medien no gi westlech Geheimdéngschter an Arméien, dorënner och d'Bundeswehr an de BND, dovun aus, datt en Satellit, dee mat atomare Sprengkierper equipéiert ass, an den nächste Woche vu Russland aus an d'Weltall kéint bruecht ginn. Do wär en dann den Informatiounen no a kierzter Zäit asazbereet. De Satellit mam Numm Sputnik-S soll deemno fäerdeg gebaut sinn an schonn eng länger Zäit an der Regioun Moskau gelagert gi sinn.

D'Stationéiere vun Atomwaffen am Weltall soll de Medien no virun allem militäresch eng grouss Menace fir de Westen duerstellen. Esoubal esou en arméierte Satellit an der Ëmlafbunn vun der Äerd ass, gëtt et keng wierklech Géigemoossname méi, fir den Asaz vun dëser Waff ze verhënneren. Eng Atomexplosioun am All géif den Ausfall vu Satellitten awer och vun technesche Systemer op der Äerd matsechbréngen.

Vun der russescher Ambassade an Däitschland heescht et op Nofro vun den dräi Medien hin, datt hinne keng Informatioune zu de presuméierte Virgäng géife virleien. Et géif een och "all onbegrënnt Ënnerstellunge mam Bléck op d'Weltraumaktivitéit vun der russescher Federatioun zeréckweisen". Si wieren nämlech en "Deel vun enger Propagandacampagne".

Back to Top
CIM LOGO