
Den US-Wiederdéngscht NWS huet e Mëttwoch vun engem “geféierleche Chrëschdagsstruerm” a Südkalifornien geschwat, deen eng grouss Gefor fir “Besëtz a Liewen” duerstelle géif. De Gouverneur Gavin Newsom huet fir eng Rei Bezierker den Noutstand ausgeruff, dorënner fir d’Metropol Los Angeles. Bis Donneschdeg de Moie gouf déi héchst Alarmstuf ausgeruff.
E Mëttwoch an en Donneschdeg wier a Südkalifornien weiderhi mat “liewensgeféierlechen Iwwerschwemmungen” ze rechnen, warnt den NWS. Doriwwer eraus géif et “weiderhi staarke Schnéi an de Bierger a staarke Wand” ginn. De Stuerm kéint an de Wüüsten a Bierger vum Bezierk Los Angeles Wandspëtzte vu bis zu 130 Stonnekilometer mat sech bréngen.
“Wann Dir virhutt, iwwer d’Chrëschtdeeg ënnerwee ze sinn, iwwerdenkt wannechgelift Är Pläng”, sot den NWS-Meteorolog Ariel Cohen. “A ville Gebitter wäert et warscheinlech zu schwéieren Iwwerschwemmungen, a Steen- a Bullislawine kommen, virun allem an de méi héich geleeëne Gebitter an op Stroossen, déi duerch Schluchte ginn.”
Schonn an der Nuecht op e Mëttwoch wat et zu schroem Reen an der Regioun komm. Tëschenzäitlech haten d’Autoritéiten zu Los Angeles eng Tornado-Warnung ausgeschwat, déi méi spéit allerdéngs zeréckgezu gouf.
E Mëttwoch de Moie waren déi éischt Suitte vum Stuerm ze gesinn: Beem waren ëmgefall an hu Stroosse blockéiert, et koum zu Iwwerschwemmungen. Eng Rei wichteg Stroosse waren iwwerdeems wéinst Héichwaasser-Warnunge gespaart. An Dausende Stéit ass wéinst futtisse Leitungen de Stroum ausgefall. Der Websäit “Poweroutage” no waren am ganze Bundesstaat eng 101.000 Stéit an Entreprisen ouni Stroum.
An de Bierger vun der Sierra Nevada un der ëstlecher Grenz vu Kalifornien gëtt sech iwwerdeems décke Schnéi erwaart. Hei waren dës Woch schonn eng 30 Zentimeter Schnéi gefall.
Schonn en Dënschdeg haten d’Autoritéiten zu Los Angeles d’Evakuéierung vun iwwer 200 Stéit ordonéiert. Op enger Rei Plazen an der Regioun gouf en Nout-Ënnerdaach ugebueden, fir déi Leit, déi hir Wunnengen hu misse verloossen.
Besonnesch vum Stuerm betraff si kéinten iwwerdeems déi räich Suburbs vu Los Angeles, Pacific Palisades a Malibu, wou viru bal engem Joer schro Bëschbränn villes zerstéiert hunn. Wéinst dem annoncéiertem Ree kéinten et do schwéier Äerdrutscher ginn. Wéinst de massive Schied no de Bränn ass d’Géigend bei staarkem Reen elo méi ufälleg fir Bullislawinen.