
Am Grenzsträit tëscht Thailand a Kambodscha reprochéiert Kambodscha dem Noper, illegal Territoire annexéiert ze hunn. Déi thailännesch Arméi hätt ugefaangen, op der kambodschanescher Säit vun der Grenz eng Befestegungsanlag opzeriichten an den thailännesche Fändel wier eropgezu ginn. Thailand huet dee Reproche zeréckgewisen a gesot, et hätt ee just d’Kontroll iwwert Gebidder zeréckgewonnen, déi virdru vu Kambodscha eruewert gi wieren. Am Dezember ware bei Kämpf tëscht deenen zwee südostasiatesche Länner ëm déi 50 Mënsche gestuerwen.