
D’Mëtt-Riets-Bündnis “Demokratesch Allianz” huet d’Wal e Sonndeg zwar mat knappem Virsprong virun de bis elo regéierende Sozialiste gewonnen, bloufen awer ënnert der néideger Zuel u Stëmme fir déi absolutt Majoritéit.
Eng Koalitioun mat der rietspopulistescher Partei Chega, déi hir Stëmmen am Verglach mat de leschte Wale méi wéi verduebelt huet, kënnt fir den AD-Spëtzekandidat Luis Montenegro net a Fro.
D’AD koum offizielle Resultater no op 29,49% vun de Stëmmen a stellt 79 vun 230 Deputéierten am Parlament. D’Sozialiste kommen op 28,66% a 77 Sëtz. D’Chega-Partei koum op 18% an 48 Sëtz.
Um Méindeg feelen nach d’Stëmme vun de Portugisen, déi aus dem Ausland gewielt hunn. Déi Resultater gi sech an den nächsten Deeg erwaart.