
D’Belsch recommandéiert hire Bierger, déi aus enger oranger Zone kommen, sech op de Coronavirus testen ze loossen an sech selwer ënner Quarantaine ze setzen.
Dat ass um Internetsite vum belschen Ausseministère ze liesen. Nach um Dënschden de Moien hat et geheescht, eng Quarantaine wier net néideg. Am Laf vum Dag huet déi Meenung awer changéiert. Den Test an d’Quarantaine sinn den Ament allerdéngs just recommandéiert, eng Obligatioun ass et net.
Kritik un de Mesurë gëtt et aktuell vun den Dokteren. Entweeder all Persoun, déi areest, misst obligéiert ginn, 14 Deeg a Quarantän ze goen, oder keen. Heescht et vun der belscher Dokteschgewerkschaft. Esou wier et bal onméiglech fir d’Generalisten, fir hir Aarbecht uerdentlech ze maachen.

D’Belsch hat de Weekend jo de Grand-Duché als orange Zone klasséiert.