
Et war virauszegesinn, an effektiv gouf et um EU-Sommet zu Bréissel keng grouss Progrèsen, fir e Kompromëss an de Verhandlunge fir den neie pluriannuelle Budget vun 2028 bis 2034 ze fannen. D‘Fronte si verhäert an d‘Lëtzebuerger Regierung gesäit sech genee tëscht deenen, déi spuere wëllen an deenen, déi méi en héijen EU-Budget fuerderen ewéi bis ewell.
Traditionell sinn dat déi grouss Wirtschaftsnatiounen ewéi Däitschland, déi méi an d‘EU-Dëppen abezuelen, ewéi si erauskréien an déi Länner aus dem Süden an Osten, déi op Kohäsioun zielen, also Mechanismen, déi d‘ekonomesch Differenzen iwwer den EU-Budget e Stéck ausgläichen. Et mécht e Kompromëss net méi einfach, dass déi méi räich, zum Beispill Holland, vun deem wat do ass, méi an d‘Innovatioun stieche wëllen, wärend anerer traditionell EU-Projeten ewéi Landwirtschaft prioriséiere wëllen. De Premier Luc Frieden:
"Ech gesinn, dass et hei zu 27 ganz schwéier ass, deenen enge just Recht ze ginn, oder deenen aneren. Mir situéieren eis an der Mëtt als Lëtzebuerg. Mir mussen natierlech genee kucken, wat mir maachen a wat ka finanzéiert ginn. De Budget soll grosso modo an deem Beräich leie vun der Period vu siwe Joer, déi mir geschwënn ofgeschloss hunn. Dat, wat d‘iresch Presidence proposéiert, geet an déi Richtung."
Bis ewell huet Lëtzebuerg gutt 570 Milliounen Euro d‘Joer bäigesteiert. Natierlech just e Brochdeel vun deem mëttelfristege Budget vun ëm 1.200 Milliarden Euro, deen der Kommissioun no hätt sollen op 2.000 Milliarden Euro klammen. Déi Propositioun war séier verworf ginn. Elo muss de Conseilspresident Antonio Costa Fangerspëtzegefill beweisen.
"Et ass nach gutt Zäit bis Dezember. Ech weess net, ob de President Costa dat bis Enn des Jores fäerdeg bréngt. Mir wäerten eis op eng konstruktiv Aart a Weis déi Méint, déi nach bleiwen, abréngen an déi Diskussiounen. Ech hu gemierkt, dass jidderee bereet ass, e Schratt nach ze maachen. Wéi deen awer soll ausgesinn, dat ass haut nach ze fréi fir ze soen."
D‘Pro-Europäer stinn awer ënner Zäitdrock. Et wär däitlech méi einfach dëst Joer mam franséische President Emmanuel Macron, en EU-Budget ze stëmmen ewéi d‘nächst Joer eventuell mat der Marine Le Pen vum rietspopulisteschen Rassemblement National. E Facteur, dee bei dësen Negociatiounen duerchaus matspillt, well de sougenannten MFF muss eestëmmeg ugeholl ginn.
E Budget setzt sech zesummen aus Revenuen an Depensen. De Premier Luc Frieden huet et e puer mol betount.
"Ech si generell retizent fir nei Steieren. Et ass kloer, dass wann nei Steiere géifen agefouert ginn, kënnen déi net de Contraire vun deem erreechen, wat mir elo zu Lëtzebuerg gemaach hunn."
D‘Reduktioun vun der Kierperschaftssteier zu Lëtzebuerg soll net duerch eng nei europäesch torpedéiert ginn, wëll hien domat soen.