
Dräi Deeg nom Äerdrutsch an de massiven Iwwerschwemmunge geet d'Zuel vun den Doudesaffer weider an d'Luucht. Am Nepal goufen 626 Doudeger gezielt an 2.426 Persoune ginn nach vermësst, dorënner och 517 Auslänner. Dat huet d'nepaleesesch Katastropheschutzagence e Samschdeg matgedeelt. Aus der chineesescher Regioun Tibet goufe bis ewell 7 Affer gemellt nieft 554 Vermëssten.
D'Sich- a Rettungsaktiounen un der Grenz tëschent dem Nepal an der autonomer Regioun Tibet lafe weider. Et gëtt no am Ganzen 2.980 Vermësste gesicht. Keng einfach Aufgab fir d'Rettungsekippen, déi am ganz Bulli um Buedem net gutt weiderkommen. Donieft besteet och weiderhin de Risk vu Iwwerschwemmungen.
Vill Iwwerliewender hunn alles verluer, net just Famill a Frënn, mä och hiert Doheem an alles, wat si besëtzt hunn. "Sämtlech Siidlungen an der Géigend vum Floss si fort", sou een Iwwerliewende géintiwwer der Noriichtenagence AFP, "et ass näischt méi iwwreg."
E Mëttwoch war eng gewalteg Well aus Waasser, Bulli, Äis an Debrisen duerch d'Grenzgebitt tëscht Nepal an Tibet gestréimt an huet ganz Uertschafte matgerappt an zerstéiert. Zur Katastroph koum et nodeems e Gletscher ofgebrach war.
Der Aschätzung vun Internationalen Hëllefsorganisatiounen no kéinten op d'mannst 93.000 Persoune vun der Tragedie betraff sinn.