Ried op der SorbonneMacron plädéiert fir méi militäresch an ekonomesch Souveränitéit vun der EU

RTL Lëtzebuerg
De franséische President huet op der Paräisser Sorbonne eng Zort Grondsazried iwwer Europa gehalen.
© CHRISTOPHE PETIT TESSON POOL / AFP

An dëser huet hie fir e Paradigmewiessel a wichtege strategesche Froe plädéiert. D’Zäiten hätte geännert an Europa misst sech notamment an der Defense an dem Commerce anescht opstellen. Anerwäerts géif een ofgehaange ginn.

Emmanuel Macron: Europa ass stierflech

A Militärfroen wier d’EU bis ewell ze lues an net ambitiéis genuch gewiescht. An et hätt een och ze vill op d’Amerikaner gebaut. Elo wier et un der Zäit, sech “Respekt ze verschafen”. Den Emmanuel Macron plädéiert fir eng “credibel europäesch Defense”, och a Saache Cybersécherheet. De gréisste Sécherheetsrisiko géif natierlech de Krich an der Ukrain bleiwen. Duerfir dierft Russland dee Krich och net gewannen.

Fir datt den europäesche Wirtschaftsmodell nees funktionéiert, misst Europa an den nächste 5 Joer a Schlësselsecteuren d’Ambitiounen hunn, e Leader op der Weltbün ze ginn. Zum Beispill an der Energie, dem Weltraum a bei der kënschtlecher Intelligenz. Déi eegen europäesch Interesse misste géint d’Konkurrenz aus den USA a China vill méi an de Vierdergrond gestallt ginn.

D’EU misst och d’Kontroll iwwert hir Grenzen iwwerhuelen, sou de franséische President 6 Woche virun den Europawalen. Den Ament läit seng Partei an de Sondagen wäit hannert dem rietsspopulistesche Rassemblement National vum Marine le Pen.

Back to Top
CIM LOGO