EnglandMamm an zwee Kanner bei Brand op Stiefesdag ëm d'Liewe komm

Jeff Birsens
D'Feier hat d'Elteren an der Nuecht op de 26. Dezember iwwerrascht. All Versuch vum Papp, seng Kanner ze retten, war ouni Succès bliwwen.
© Photo by JAKUB PORZYCKI / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

E siwe Joer aalt Meedchen, e véier Joer ale Jong an hir Mamm si bei engem Brand am englesche Stroud op Stiefesdag ëm d’Liewe komm. Dat melle brittesch Medien. An hirem eegenen Doheem war de 26. Dezember géint 3 Auer moies e Feier am Rez-de-Chaussée ausgebrach, deem just de Papp vun der Famill entkomme konnt. Hie war aus der Fënster vum Buedzëmmer erausgeklommen, fir ze probéieren, duerch d’Fënster vum Kannerzëmmer zréck an d’Haus ze kommen, fir da seng Kanner ze retten. Well d’Flamen zu deem Zäitpunkt sech awer schonn ze staark ausgebreet haten, ass him dëst net gelongen.

Noperen haten dem Mann nogekuckt, wéi hien duerno och nach probéiert hätt duerch d’viischt an déi hënnescht Dier an d’Haus ze kommen. Och dat ouni Succès. “Hien ass, wéi der iech virstelle kënnt, immens verstéiert. Hien huet seng Famill an enger Zäit verluer, déi eigentlech eng frou a festlech Zäit sollt sinn.” De Papp gouf duerno an d’Spidol bruecht. D’Iwwerreschter vun den dräi verstuerwene Persoune konnte wéinst dem Schued um Haus nach net direkt gebuerge ginn.

Beim Feier geet d’Police aktuell vun engem “trageschen Tëschefall” ouni verdächteger Awierkung vun Drëtten aus.

Back to Top
CIM LOGO