
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg huet e Mann néng Persounen, dorënner fënnef Kanner, mat engem schaarfen Objet déidlech blesséiert. Am Oste vun der Haaptstad Paramaibo ass et zum Ongléck komm. Den Autoritéiten no wier den Täter, dee vun der Police ugeschoss a blesséiert ginn ass, festgeholl ginn.
E fënneften Erwuessenen an e sechst Kand wiere schwéier blesséiert an e Spidol ageliwwert ginn. De Mann soll psychesch Problemer gehat hunn. Der Präsidentin Jenny Geerlings-Simons no hätt den Täter seng eege Kanner an d’Noperen ëmbruecht. Der lokaler Press no wiere véier vun den ermuerte Kanner seng eege gewiescht. Weider Detailer si bis ewell nach net bekannt.