Warabi (Japan)Mann verschanzt sech mat enger Rei Geiselen an enger Postfilial

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Stadverwaltung vu Warabi en Dënschdeg matdeelt, huet e wuel mat enger Schosswaff arméierte Mann an enger Postfilial a Japan Geisele geholl.
© JIJI PRESS / AFP

Virop waren an der Stad Toda, déi an der Géigend ass, Schëss gefall, bei deenen zwee Mënsche liicht blesséiert goufen. D’Motiv ass bis ewell net gewosst. Oppen ass och, ob et en Zesummenhang tëscht béide Virfäll gëtt.

D’Dageszeitung “Yomiuri” mellt Rumeuren, deenen no de presuméierten Täter Kerosin bei sech huet. Am Gebai hu sech der Zeitung no eng 10 Mataarbechter vun der Post zum Zäitpunkt vun der Geiselnam opgehalen. D’Awunner vu Warabi sinn opgeruff, sech net an der Géigend vun der Postfilial opzehalen.

Op Biller op der Tëlee ass de presuméierten Täter an der Post ze gesinn, dee wuel e Gewier an engem Rimm ronderëm den Hals dréit. Virun der Filial hu sech Poliziste mat Schutzschëlder positionéiert.

Back to Top
CIM LOGO