7 Doudeger a 25 BlesséierterMassekarambolage wéinst "Superniwwel" mat 158 Ween am US-Bundesstaat Louisiana

RTL Lëtzebuerg
Bei fatzegem Niwwel an extreem schlechter Siicht koum et e Méindeg de Moie westlech vun New Orleans zu enger Massekarambolage.
© AP Photo/Gerald Herbert

Op d’mannst siwe Mënsche koumen ëm d’Liewen, 245 weiderer goufen deels schro verwonnt.

Nodeems et um Interstate 55 gerabbelt hat, war e Feier ausgebrach. Ënner anerem, well een Tankwon, dee mat enger geféierlecher Flëssegkeet beluede war, Feier gefaangen hat. Bei de massiven Niwwel an den Damp duerch Bëschbränn an der Géigend koum dunn nach den Damp vun dësem Feier dobäi.

De Moment wier d’Situatioun nach oniwwersiichtlech, heescht et vun der lokaler Police. Et wier een och net sécher, net nach weider Doudesaffer ze fannen. Soubal Mol den Tankwon gebuerge wier, kéint een och d’Lag besser aschätzen. D’Police huet Fotoe verëffentlecht, déi d’Ausmooss vun der Massekarambolage weisen.

Den Deel vun der Autobunn, wou et zum fatalen Accident koum, verleeft tëscht dem Maurepas-Séi an dem Pontchartrain-Séi. Do war e Méindeg de Moien därmoosse vill Niwwel, datt ee quasi seng Hand virun Aen net méi gesinn huet. D’Meteorologe schwätze vun engem “Superniwwel”, entstanen aus der Kombinatioun Niwwel an Damp. Ënnert de fiichte Konditioune gemixt mam Damp geet d’Siichtwäit op manner wéi dräi Meter erof sou den Nationale Wiederdéngscht.

Den US-Bundesstaat Louisiana kämpft zanter dem Summer mat massive Bëschbränn, Hëtzt an Dréchent. An 62 Prozent vum Bundesstaat ass aktuell eng aussergewéinlech Dréchent vun der héchster Kategorie, sou CNN.

© AP Photo/Gerald Herbert

Back to Top
CIM LOGO