Um Bord vum EU-Sommet zu BréisselMassiv Protester vun de Bauere géint d'Agrarpolitik an d'Mercosur-Ofkommes

François Aulner
Zu Bréissel hunn Dausende Baueren aus ganz Europa mat hiren Trakteren géint d'Agrarpolitik protestéiert.

Virum Europaparlament ass et héich hiergaang: D’Baueren hunn e grousst Feier mat Pneuen ugefaangen, offiziell Gebaier beschiedegt, mat Piff, Geméis, Knupperten a Géigestänn op Poliziste geworf, déi mat Waasser an Tréinegas zeréckgeschoss hunn. Mir hunn op der Plaz mat puer Bauere geschwat.

Si si rose wéinst ville Saachen, mee virop wéinst dem Mercosur-Handelsofkommes mat Südamerika. Och wann d’EU schonn deels probéiert, de Baueren op verschiddenen Niveauen entgéintzekommen an de franséische President Macron de Mercosur net wëll matdroen ewéi en elo ass. Ma dëse Bauer aus der Géigend vun Dunquerque traut der Politik net méi.

“La Commission n’a pas fait marche arrière. Ça, c’est que de la parlotte pour mieux acter ce qu ‘ils ont déjà voulu acter. On a Macron, qui est occupé de nous endormir comme il nous a endormi il y a deux ans. Donc on revient et je pense qu ‘il faudra encore revenir. Donc ça, c’est pour la partie sur tout le Mercosur. Après, en dehors de ça, effectivement, il y a aussi la taxe sur les engrais, qui est au fait juste une adéquation, on va dire, du fait qu’il y a plus d’industrie en Europe.”

Dëse Bauer aus Frankräich traut der Politik net méi

Dëse Bauer aus Polen fënnt allgemeng d’Regelen an d’Normen net fair: “Chez nous c’est la même merde, que dans toute l’Europe.”

Ma wat genee ass dann de Problem, de Mercosur, d’Reegelen, d’Suen? “Exactement. Le Mercosur, les prix. Et puis notre situatioun, parce que nous sommes tous bloqués avec les lois européennes et les lois polonaises. Les céréales qui viennent de l’Ukraine ou du Mercosur, ce n’est pas la même qualité. Ce n’est pas la même chose. Alors ça, on est pas d ‘accord.”

Dëse polnesche Bauer fënnt, dass d’Reegelen onfair sinn

Fir dës Bauerefra aus Éisträich ass dann de Budget den Haapt-Problem:

“Wir demonstrieren heute gegen das schrumpfende Budget. Es ist natürlich nicht akzeptabel, dass es 22 % Budgetkürzungen gibt. Das hat in der Praxis wirklich große Auswirkungen. Natürlich auch der Verlust der Zwei-Säulen-Struktur, die ländliche Entwicklung. Wir in Österreich haben sehr viel aus der zweiten Säule auch schöpfe können. Deswegen wollen wir und können wir uns das nicht gefallen lassen.”

De Budget wier den Haapt-Probleem, sou eng Bauerefra aus Éisträich

Ob d’EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen dann elo e Samschdeg den Akkord a Brasilien ënnerschreiwe geet ass nach net gewosst. De brasilianesche President Lula, huet iwwerdeems wësse gedoen, datt seng Gedold um Enn ass.

Am Kader vum leschten EU-Sommet vum Joer hu sech dausende rose Baueren Rendez-vous ginn, fir virun allem géint de Mercosur-Fräihandelsaccord ze protestéieren.

Back to Top
CIM LOGO