
Iranesch Staatsmedie mellen, dass an der Nuecht op en Donneschdeg an der Stad Kuhdascht en 21 Joer ale Member vun der Basidsch-Miliz gestuerwen wier, wéi hien d’"ëffentlech Uerdnung géint Randaléierer verdeedegt” hätt. D’Stad, an där ronn 90.000 Leit wunnen, läit ronn 550 Kilometer vun Teheran ewech. 13 weider Polizisten a Membere vun der Miliz wieren duerch Steng, déi vun den Demonstrante gehäit goufen, blesséiert ginn.
Déi paramilitäresch Basidsch-Miliz ass enk mat den iranesche Revolutiounsgarde verbonnen. Et ass den éischte registréierten Doudesfall zanter dem Ufank vun de Protester géint déi héich Liewenskäschten an déi schlecht wirtschaftlech Situatioun am Land.
Déi spontan Demonstratioune ware leschte Sonndeg vum gréissten Handy-Marché an der Haaptstad Teheran ausgaangen. Fir d’éischt haten d’Händler protestéiert, entretemps hu sech vill Leit a sëllege Studente vun op d’mannst 10 Universitéiten am ganze Land ugeschloss.