
Ee Joer ass et hier, dass Finnland dem NATO-Bündnis bäigetrueden ass. Dat gouf vun den anere Member als Beräicherung ugesinn, well Finnland nom zweete Weltkrich ni opgehalen huet, a säi Militär z’investéieren. Deemno huet d’Land vu 5,5 Milliounen Awunner, mat 24.000 aktiven Zaldoten, eng gutt opgestallten Arméi. De Bäitrëtt vu Finnland war domat eng vun de wäitreechende geopolitesche Suitte vun der Attack vu Russland op d’Ukrain am Februar 2022.
Op enger Konferenz zu Bréissel, organiséiert vum Think Tank “Friends of Europe”, huet de finnesche President Alexander Stubb erkläert, wisou d’Militär a Finnland zanter jeehier eng wichteg Roll gespillt huet. Säi Land hätt ëmmer scho Russland, als expansionisteschen Noper, als Menace consideréiert. “Mir haten iwwer 30 Kricher oder Reiwereie mat Russland zanter dem 13. Joerhonnert. Mir hunn ëmmer verstanen, dass mer musse preparéiert sinn”, sou de President. Aus deem Grond hätten 900.000 Männer a Fraen de Militärdéngscht gemaach, an 280.000 Männer a Frae wiere prett, a Krichszäite kënne mobiliséiert ze ginn.
Duerch de Bäitrëtt vu Finnland an d’NATO sinn d’Baussegrenze mat Russland op dat duebelt gewuess. Dat wier eng enorm Responsabilitéit, huet den Alexander Stubb ënnerstrach. Et wier een awer do fir d’Allianz, souwéi fir seng baltesch an nordesch Frënn ze protegéieren.
Finnland war Mëtt den 90er Joren der Europäescher Unioun bäigetrueden. Dat wier net just wéinst dem Handel gewiescht, mee och aus Sécherheetsgrënn, sou de President . D’EU stéing fir Fridden, Sécherheet, Stabilitéit a Wuelstand.
Fir der Ukrain ze hëllefen, hätt d’EU zum Beispill schonn op e puer Niveauen eng extrem gutt Aarbecht geleescht. “Ech denke se soll hir Materialkëscht esou ëmfaassend wéi méiglech notzen. An dat heescht net, datt mer ufänken eng europäesch Arméi oder Truppen ze hunn. An dësem Krich ginn et dräi Sailen. Déi national, d’NATO an d’EU”, betount den Alexander Stubb.
Aus sengem Discours ass ervirgaangen, dass een a Finnland de Militärdéngscht anescht gesäit, wéi a villen aneren EU-Länner. A Finnland gëllt den obligatoresche Militärdéngscht fir Männer, dee kann als Arméierten- oder als Zivildéngscht geleescht ginn. 80 Prozent vun de Finnen hätten an enger Ëmfro uginn, hiert Land wëllen ze verdeedegen.
De President ass der Meenung, dass muss eng strategesch Kultur an Europa gefuerdert ginn, déi géing sécherstellen, dass d’Populatioun hiert Land a seng Idealer verdeedege wëllt. Dofir sollten all d’NATO-Länner en obligatoresche Militärdéngscht hunn. “Ech wëll domat soen, dass den obligatoresche Militärdéngscht kann ee vun de beschte Kolle fir déi modern Gesellschaft sinn”, sou den Alexander Stubb. Bei esou engem Déngscht géingen nämlech nei Fäegkeete geléiert ginn an d’Méiglechkeete wieren hautzedaags extrem grouss. Et sollt een dëst dann och net als militäreschen Exercice gesinn, mee als gesellschaftlechen. Hie géing awer verstoen, dass d’Finnen dat anescht gesinn, well si do eragewuess wieren.