USAMillioune Leit ouni Aarbecht an ouni Krankeversécherung

RTL Lëtzebuerg
Eng Etüd geet dovun aus, datt an den USA 5,4 Millioune Mënschen hir Aarbecht a Krankeversécherung an der Pandemie verluer hunn.

Domat läit de Chiffer op enger Rekordhéicht an ëm 40% méi héich, wéi an der Finanzkris 2008 an 2009. Deemools ware ronn 3,9 Millioune Leit ouni Krankeversécherung.

D’Chiffere ginn aus enger Etüd vun der Organisatioun “Families U.S.A.” ervir. De Stan Dorn, deen d’Etüd geleet huet, huet vun der schlëmmster Rezessioun zanter dem zweete Weltkrich geschwat.

D’Chiffere kéinte fir weider Diskussiounen am US-Kongress an der Debatt ëm d’Corona-Hëllefe suergen. Donieft gëtt sech erwaart, datt d’Thema vun de Krankeversécherungen am Walkampf fir d’US-Presidentschaftswal den 3. November eng grouss Roll spille kéint.

Aus enger weiderer Etüd, déi am Abrëll vum Institut fir Wirtschaftspolitik publizéiert gouf, goung ervir, datt d’Hallschent vun de Salariéeën an den USA iwwert hiren Employeur krankeverséchert sinn, an déi Protektioun dann och mat hirem Job verléieren.

D’USA ass praktesch dat eenzegt entwéckelt Industrieland ouni global, staatlech Krankeversécherung. Op d’mannst 27,5 Millioune Bierger sinn net verséchert.

Back to Top
CIM LOGO