
An der Entrevue an den USA soll iwwert een iwwerschafften US-Plang fir en Enn vum Krich an der Ukrain geschwat ginn. Ma do virdrun huet Moskau Kiew virgeheit, d’Gespréicher ze “torpedéieren”. Den neien Entworf wier “radikal anescht” wéi den Text, dee Moskau mat Washington verhandelt hat, sot de russesche Vize-Ausseminister Sergej Rjabkow e Freideg.
D’Ukrain an hir Ënnerstëtzer - virop d’EU, déi “net fir eng Eenegung” am Konflikt wier - hätten hir “Beméiunge verstäerkt, se ze torpedéieren”, esou de Rjabkow an der russescher Tëlee. “Ouni eng anstänneg Léisung fir d’Probleemer, déi zu dëser Kris gefouert hunn, wäert et ganz einfach onméiglech sinn, eng ofschléissend Eenegung ze fannen”, esou de russesche Vize-Ausseminister.
De Selenskyj iwwerdeems huet erkläert, datt bei engem perséinleche Gespréich mam Trump “sensibel” Theeme wéi de Sträit ëm d’Regioun Donbass oder d’Zukunft vum Atomkraaftwierk Saporischschja géingen zur Sprooch kommen. Ausserdeem géif et ëm méiglech bilateral Accorden tëscht Washington a Kiew, zum Beispill zu Sécherheetsgarantien, goen.
Den Trump betount et wier näischt decidéiert, ier hie keng gréng Luucht géif ginn. De Selenskyj “huet näischt, esoulaang ech net meng Zoustëmmung ginn”, sot hien der US-Plattform “Politico”. “Mir wäerten also gesinn, wat hien huet”, esou den Trump.
Gläichzäiteg sot hien en vue vun der Entrevue mam ukrainesche President, déi jo fir e Sonndeg am Trump senger privater Villa zu Mar-a-Lago geplangt ass: “Ech denken, datt et mat him gutt lafe wäert. Ech denken, datt et mam Putin gutt lafe wäert”, mat deem de Selenskyj “geschwënn” wéilt schwätzen.
Den ukrainesche President huet eegenen Aussoen no e Freideg Telefonsgespréicher mam Nato-Generalsekretär Mark Rutte, mam däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz a mat weideren europäesche Spëtzepolitiker gehat, fir “eis Positiounen ze koordinéieren”.
Een Dag virum geplangten Treffen tëschent dem ukrainesche President Selenskyi an dem US-President Trump sinn e Samschdeg iwwerdeems och nei Korruptiounsvirwërf an der Ukrain opgedaucht. Wéi den Antikorruptiounsbüro mellt, stinn direkt e puer ukrainesch Deputéiert ënnert Korruptiounsverdacht. Dofir soll et elo zu Perquisitiounen am Parlament kommen. Weider Detailer feelen nach. An de leschte Méint a Woche waren ëmmer nees héichrangeg Politiker a Beamten an d’Viséier vum Antikorruptiounsbüro geroden. Virun engem Mount eréischt war dem Wolodymyr Selenskyj säi Beroder a Chef vum ukrainesche Presidentebüro, Andrij Jermak, zeréckgetrueden. Dat, nodeems seng Wunneng wéinst dem Verdacht op Korruptioun duerchsicht gi war.