Nei Reegelung fir international OrganisatiounenMSF fäert e Réckgang vun der Hëllef an der Gazasträif

Diana Hoffmann
International Hëllefsorganisatiounen, déi an der Gazasträif an an der Westbank schaffen, musse sech op eng nei Manéier registréieren.
Nibal Al-Hissi, 25, interacts with Rita, her two-year-old daughter outside their home in Jabalia, in the northern of Gaza Strip on December 23, 2025.
Nibal Al-Hissi, 25, interacts with Rita, her two-year-old daughter outside their home in Jabalia, in the northern of Gaza Strip on December 23, 2025.
© AFP

MSF fäert e Réckgang vun der Hëllef an der Gazasträif

Et gëtt méi kal an der Gazasträif. Aktuell falen d’Temperaturen nuets op 9 Grad. Ma d’Fiichtegkeet an der Loft, direkt um Bord vum Mier, géing maachen, dass et sech méi kal géing ufillen, seet d’Leah Cowan, déi fir Médecins sans frontières (MSF) zu Gaza schafft. D’Populatioun hätt mat der Keelt ze kämpfen, mat Stierm an Iwwerschwemmungen. “Och d’Hallschent vun eise Mataarbechter lieft an Zelter, ouni Heizung. Anerer liewen an total futtisse Gebaier, ouni Fënsteren, ouni Heizung”, ënnersträicht d’Leah Cowan. Elo scho géinge Puppelcher wéinst der Keelt stierwen, dobäi wier een emol nach net an der Mëtt vum Wanter ukomm. D’Temperature sollen déi nächst Woch weider erof goen.

Den Impakt vum Krich ass an der Gazasträif ëmmer nach ze spieren. Zanter dem Waffestëllstand ginn et weiderhin Doudeger a Blesséierter. Och wann déi massiv Bombardementer opgehalen hunn. Antëscht kommen och nees Hëllefsliwwerungen eran. “Fir déi éischt Kéier zanter Méint gesinn d’Mënsche frëscht Geméis um Maart. Dat hëlleft géint d’Ënnerernierung. Mee et ass alles deier a vill Mënschen hu keen Akommes”, beschreift d’Leah Cowan d’Situatioun op der Plaz. Scho virum Krich waren 80 Prozent vun der Populatioun vun der humanitärer Hëllef ofhängeg. Elo wier et nach méi. Zwar wier d’Situatioun zanter dem Waffestëllstand besser gi wat d’Liewensmëttelversuergung ugeet, mee et wier ëmmer nach ënnert engem ubruechte Mooss.

Wéinst de schlechte sanitären Zoustänn, mat dacks kengem Accès op proppert Waasser, gi vill Mënsche krank. Och d’Mataarbechter an d’Doktere vun MSF missten hier Medikamenter rationéieren, well der net genuch do sinn. “Mir kënnen d’Leit net behandelen, wéi se misste behandelt ginn”, sou de Constat vun der Fra op der Plaz. Just 18 vun de 36 Spideeler géingen zum Deel funktionéieren. Een Drëttel vun de Puppelcher géing an MSF-Strukture gebuer ginn. Vill Fraen hätten awer keen Accès zu Spideeler, Ambulanze kéimen ze spéit oder géinge feelen.

Israel huet nei Krittäre fir en Enregistrement vun internationalen Organisatioune festgeluecht

Et wier eng Obligatioun vun Israel, als Besatzungsmuecht en ongehënnerten Zougang fir Hëllefen z’erméiglechen, mengt d’Leah Cowan. Israel misst sécherstellen, dass d’Populatioun alles krit, wat se bräicht fir ze liewen. Grad déi international Organisatiounen, déi an der Gazasträif an an der Westbank op der Plaz si fir ze hëllefen, stinn den Ament virun enger Ongewëssheet. Israel huet fir 2026 nei Reegele fir den Enregistrement vun internationalen Organisatiounen imposéiert. Médecins sans frontières hunn hier Demande eraginn, mee krute bis elo nach keng Äntwert, ob si de Krittären entspriechen, fir weiderhi kënnen ze hëllefen.

Et wiere vill Detailer gefrot ginn, erkläert d’Leah Cowan. Ënner anerem och d’Nimm vun de palästinensesche Mataarbechter. Et géing hei un Transparenz feelen, wat mat den Donnéeë passéiert. Dofir gëtt gefaart, dass d’Mataarbechter kéinten engem Risiko ausgesat ginn. MSF ass elo besuergt, d’nächst Joer net méi kënnen um Terrain ze schaffen. International Organisatiounen, déi scho laang do wieren, krute schonn Ofsoen. Ënner anerem “Save the Children” ass hei concernéiert. Et hätt ee keng direkt Informatiounen doriwwer, wisou verschidden Organisatiounen zréckgewise goufen, seet d’MSF-Mataarbechterin. Et géingen Indikatioune ginn, dass den Organisatioune reprochéiert gëtt, sech net staark genuch vun den Attacke vum 7. Oktober ze distanzéieren, oder dass se de Staat Israel géingen delegitimiséieren. Et géing een elo als MSF weiderhi mat den israeeleschen Autoritéiten a Kontrakt bleiwen, fir eng Registréierung ze kréien.

Médecins sans frontières huet fir 2026 e Budget tëscht 100 an 120 Milliounen Euro fir d’Hëllef an der Gazasträif virgesinn. Zejoert huet d’Organisatioun mat engem Budget vun 100 Milliounen Euro 100.000 Traumafäll behandelt. 22.700 chirurgesch Agrëff goufe gemaach an 800.000 ambulant Consultatiounen. 45.000 Mënsche goufe geimpft an et gouf bei iwwer 10.000 Gebuerte gehollef. E weidere wichtege Volet war déi psychologesch Betreiung vun de Mënschen.

D’Leah Cowan gëtt e Beispill, fir ze weisen, dass si sech just schwéier kann eng Alternativ zu der internationaler Hëllef den Ament virstellen. Am Summer goufe vun den israeeleschen Autoritéite verschidde Plazen definéiert fir d’Hëllef ze verdeelen, an esou déi humanitär Hëllef z’ersetzen. “Et sinn ëm 3.000 Mënschen ëm d’Liewe komm, an nach méi goufe blesséiert. Dëst ass eng Lektioun dofir, wat passéiert, wann d’humanitär Hëllef, mat 408 Distributiounsstänn, duerch 4 Verdeelungsplazen ersat gëtt, déi vum Militär kontrolléiert ginn. Bei enger Populatioun déi un Honger leit”, sou d’Leah Cowan. Gaza géing nach fir eng laang Zäit international Hëllef brauchen. Den humanitäre Secteur hätt hei vill Joerzéngten un Erfarung.

Back to Top
CIM LOGO