Belsch RegierungNächste Sécherheetsrot gëtt méiglecherweis no vir verluecht

RTL Lëtzebuerg
An der Belsch kënnt d'Regierung e Sonndeg mat Experte zesummen, fir sech ze beroden.
© AFP (Archiv)

Déi belsch Premierministesch Sophie Wilmès huet e Freideg fir e Sonndeg en extraordinäre Regierungsrot aberuff. Besonnesch déi nei Coronafäll an der Flandre maachen der belscher Politik Suergen. Dogéint bleift d’Situatioun an der Regioun Bréissel stabel den Ament. Offiziell schwätzt an der Belsch nach kee vun enger zweeter Well. Et wier ee besser opgestallt, wéi am Mäerz, mat däitlech manner Patienten am Spidol. Déi meescht vun de Fäll wieren asymptomatesch.

An där Entrevue gëtt dann och gekuckt, ob den nationale Sécherheetsrot éischter muss zesumme kommen, esou wéi de Jan Jambon, de flämesche Ministerpresident, dat gefuerdert hat.

De Sécherheetsrot sollt sech am Fong fir d’nächst den 23. Juli, also en Donneschdeg, gesinn, dat zwee Deeg nom belschen Nationalfeierdag.

Back to Top
CIM LOGO