Um zweeten Dag um StéckNees Fluchhäfen a Frankräich no Bommemenacen evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
De franséische Verkéiersminister Clément Beaune schwätzt vun "organiséiertem Feelalarm". Dëst ass awer geféierlech an inakzeptabel.
Eng Touristin virum Fluchhafen Toulouse-Blagnac, wou et e Mëttwoch zu engem Bommenalarm koum.
Eng Touristin virum Fluchhafen Toulouse-Blagnac, wou et e Mëttwoch zu engem Bommenalarm koum.
© AFP

En Donneschdeg goufe bei eisen Noperen nees e puer Fluchhäfen evakuéiert, nodeem et Menacë fir Attentater gouf. Betraff waren ënner anerem d’Fluchfelder vu Bordeaux-Mérignac a Lille. No e puer Stonne konnt de Betrib awer nees opgeholl ginn. Déi zoustänneg Autoritéiten hunn dann och confirméiert, datt ee Menacë fir e puer Fluchhäfe krut, hunn awer weider keng Aussoe gemaach.

Fir den zoustännege Minister Beaune ass esou e Virgoen inakzeptabel. “An all Fall wäerte mer eng Plainte maachen”, esou de Minister, dee preziséiert huet, datt et heibäi zu Strofe vun zwee Joer Prisong an 30.000 Euro ka kommen.
Schonn e Mëttwoch gouf et Menacen op sechs Fluchhäfen am Hexagon, bei deenen 130 Flich ausgefall sinn. Bis ewell waren awer all d’Menacë just e Feelalarm an déi zwee Fluchhäfen an der Haaptstad Paräis waren nach net betraff.

Ma d’Menacë sinn net just bei de Fluchhäfe bliwwen, en Donneschdeg gouf zum Beispill d’Schlass vu Versailles, eng beléiften Touristenattraktioun, scho vir déi véierte Kéier innerhalb un e puer Deeg geraumt. Zanter der déidlecher Attack vun engem Dschihadist op e Schoulmeeschter zu Arras huet Frankräich déi Héchst vun dräi Warnstufen ausgeruff.

Bei der Iwwerwaachung gëtt sech aktuell haapstächlech op jiddesch Schoulen a Gebailechkeete konzentréiert, dofir sinn am ganze Land eng 7.000 Zaldoten am Asaz. Hannergrond heivir sinn déi grouss Spannungen, déi et wéinst dem Krich tëscht Israel an der radikalislamistescher Hamas ginn.

Back to Top
CIM LOGO