IsraelNei Direktiv soll réckgängeg gemaach ginn, esou d'Fuerderung vum Antonio Guterres

Céline Eischen
Hëllefsorganisatioune mussen Nimm vu Mataarbechter un israeelesch Autoritéite kommunizéieren.
Antonio Guterres
© AFP (Archiv)

Nodeems déi israeelesch Regierung d’Lizenze vu 37 Hëllefsorganisatiounen zeréckgezunn huet, huet sech elo den UN-Generalsekretär Antonio Guterres un Israel geriicht, an d’Autoritéiten opgefuerdert, dës Decisioun nees réckgängeg ze maachen. Dës Mesure géif nämlech déi humanitär Kris vun de Palästinenser just weider verschäerfen, esou nach den UN-Generalsekretär. Virun e puer Deeg hat déi israeelesch Regierung annoncéiert, datt 37 Hëllefsorganisatiounen net méi an der Gazasträif an an anere betraffene Gebidder hir Aarbecht dierfe maachen, dat well se sech net un eng nei Mesure gehalen hunn, déi d’Hëllefsorganisatiounen obligéiert, Donnéeën an Nimm vu Mataarbechter un déi israeelesch Autoritéite virunzeginn. D’Hëllefsorganisatiounen kritiséieren, datt d’Kontrolléiere vu Mataarbechter duerch eng Konfliktpartei géint déi humanitär Grondsätz géif verstoussen.

Back to Top
CIM LOGO