Kosovo warntNeie Krich op dem Balkan méiglech

RTL Lëtzebuerg
Am Norde vum Kosovo liwwere sech ëmmer emol nees arméiert Serbe schwéier Kämpf mat der kosovarescher Police, bei deenen et och schonn Doudesaffer gouf.
© AFP/STRINGER

Déi kosovaresch Ausseministesch Gervalla-Schwarz huet am Kader vu klammenden Tensiounen am Kosovo virun engem méiglechen neie Krich am Balkan gewarnt. “Toleréiert déi international Communautéit d’Virgoe vu Serbien, wäert et ee Krich ginn”, esou d’Ministesch am Deutschlandfunk.

Serbien wéilt Tatsaache schafen, fir de Kosovo dozou ze zwéngen, zu Bréissel territorial Froen ze debattéieren. Et war dowéinst d’Fuerderung, de Status vu Serbien als Bäitrëttskandidat ze pauséieren an d’Finanzement ze stoppen.
D’Presidentin vum Kosovo, d’Vjosa Osmani, huet en Donneschdeg gesot, Serbien géif ëmmer nach territorial Uspréch op de Kosovo erhiewen a géif probéieren, ee “Krim-Modell” ze verwierklechen. Si mécht de serbesche President Aleksandar Vucic fir d’Eskalatioun am Norde vum Land responsabel. Op der Grenz tëscht béide Länner sammele sech serbesch Truppen.

Back to Top
CIM LOGO