Dänemark reagéiert mat schaarfer KritikNeien US-Beoptraagte soll "Grönland zu engem Deel vun den USA maachen"

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moien huet den Donald Trump den Jeff Landry, Gouverneur vu Louisiana, als neien US-Beoptraagte fir Grönland ernannt. Eng Reaktioun aus Dänemark huet net laang op sech waarde gelooss.
Die Ernennung eines US-Sondergesandten für Grönland durch Präsident Trump hat eine scharfe Reaktion in Kopenhagen ausgelöst. Der dänische Außenminister Lars Lökke Rasmussen kündigte an, dass er den US-Botschafter einbestellen werde.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP/Archiv

Nach um selwechte Moien huet den däneschen Ausseminister Lars Lökke Rasmussen op der Tëlee annoncéiert, datt hien den US-Botschafter abestelle géif. Scho kuerz virdrun hat hie mat engem Schreiwes un d’AFP e kloert Zeechen un d’USA geschéckt an d’Regierung dodran opgefuerdert, si missten d’Grenzen an d’Souveränitéit vun Dänemark respektéieren.

Seng Regierung géif drop bestoen, datt “jiddereen - och d’USA - Respekt virun der territorialer Integritéit vum Kinnekräich Dänemark ze weisen huet”, sou den dänesche Chefdiplomat. Den Trump hat an deene leschte Méint schonn e puer Mol eng méiglech Iwwernam vum Inselgebitt ënner dänescher Autoritéit ugedeit, op deem et vill Rohstoffer ginn.

Op der Plattform X hat den Trump e Méindeg de Moie seng Annonce gemaach. De Landry wier e “groussaartege” Gouverneur, dee verstoe géif, “wéi wichteg” Grönland fir déi national Sécherheet wier, an dee sech mat “Nodrock” fir “d’Interesse” vun den USA asetze géif. Wat genee den US-President mat dësen Interesse mengt, huet de Landry selwer ënnert der Annonce ausgeschwat: “Et ass mir eng Éier, Iech [Donald Trump, (U.v.d.R)] ze déngen, fir Grönland zu engem Deel vun de Vereenegte Staaten ze maachen.”

De Rasmussen huet dorop reagéiert an dës Mesuren “total inakzeptabel” genannt. Elo soll den US-Botschafter zu Kopenhagen mat senger Abestellung eng “Erklärung” fir dës Ernennung ofginn.

Back to Top
CIM LOGO