
Nom zolitte Stuerm sinn Deeler vu Frankräich elo mat massivem Ree geplot. Speziell am Departement Pas-de-Calais am Norde gi weider grouss Iwwerschwemmunge gefaart. D’Regioun gouf vu Météo France an eng Vigilance rouge, also déi héchste Warnstuf gesat. Betraff sinn nieft Pas-de-Calais och nach d’Regioune Charente-Maritime, Deux-Sèvres, Dordogne, Charente, Gironde an Nord.
Vill Flëss a Baache si schonn iwwergelaf a wäerte weider klammen. An 33 Gemenge bleiwen d’Schoulen dowéinst och zou.
Besonnesch am Norde vu Frankräich kéint et zu gréisseren Iwwerschwemmunge kommen. Eenzel Gemenge wieren nach ëmmer mam Héichwaasser vum leschten Donneschdeg, nom Passage vum Stuerm Ciaran geplot. De Buedem wier deels därmoossen naass, dass näischt méi ofleeft.