
Norwegen huet dat lescht Joer nëmme knapp hiert éiergäizegt Zil verpasst, nëmmen nach emissiounsfräi Neiween op de Stroossen zouzeloossen. 2025 ware 95,9 Prozent vun den Autoen, déi nei zougelooss goufen, elektresch, wéi d’Verkéiersinformatiounsautoritéit OFV e Freideg matdeelt. Am Mount Dezember louch den Undeel vun E-Autoen deemno bei 97,6 Prozent.
“D’Joresenn war historesch staark”, huet den OFV-Chef Geir Inge Stokke erkläert. Donieft géing et “keen Zweiwel” doru ginn, datt d’Ännerung vun der TVA vum 1. Januar 2026 un esou vill Leit dozou verleet hätt, nach virum Enn vum Joer en neien Elektroauto ze kafen, sou de Stokke weider.
Hannergrond ass, datt d’Regierung zu Oslo de Seuil erofgesat huet, vun deem un en neien E-Auto der TVA ënnerläit - an zwar vu 500.000 Krounen (ronn 42.000 Euro) op 300.000 Krounen. E komplett Ofschafe vun där Mesure, dat eigentlech fir 2027 virgesi war, soll iwwerdeem op 2028 geréckelt ginn.
D’Land, dat räich u Pëtrol a Gas ass, huet sech d’Zil gesat, vun 2025 un nëmmen nach emissiounsfräi Neiween ze verkafen. Am Ganze goufen an Norwegen 2025 dem OFV no 179.549 nei Autoen zougelooss. Domat wier de Rekord aus dem Joer 2021 gebrach ginn.