Op der BourseNvidia iwwerhëlt Apple an ass elo déi wäertvollst Mark op der Welt

RTL Lëtzebuerg
Op europäeschem Niveau ass den hollänneschen Chipkonzern ASML virop, dat op Plaz 24.
© LONG WEI/CFOTO via AFP

Et gëtt en neie weltwäite Leader op der Bourse. Den US-amerikaneschen Chip-Produzent Nvidia huet vum KI-Boom profitéiert an ass am Laf vun dësem Joer un d’Spëtzt geklotert, mat engem Bourse-Wäert vun aktuell 4,63 Billiounen Dollar, also 4.630 Milliarden. Domadder huet een Apple iwwerholl, déi bei 4,04 Billiounen Dollar leien. Op Plaz 3 kënnt Google mat engem Boursewäert vun 3,79 Billiounen Dollar. Si verdrängen domadder Microsoft vum Podium.

Dat geet aus den Daten iwwert déi sougenannt Maart-Kapitaliséierung vum Bedreiwer vun der Londoner Bourse ervir, zesumme mat Berechnunge vun der Noriichtenagence Reuters.

Aus europäescher Siicht ass den hollännesche Betrib ASML virop, dat op Plaz 24 mat knapp 412 Milliarden Dollar. D’hollännesch Firma ass de weltwäit gréisste Produzent vu Litographie-Systemer, déi eng elementar Roll spillen an der Chip-Produktioun. Hannendru kënnt de franséische Produzent vu Luxus-Wueren LVMH, dee Marke wéi Louis Vuitton, Christian Dior, Fendi, Givenchy, Moët & Chandon, Dom Pérignon, Veuve Clicquot oder Sephora regroupéiert, fir just déi ze nennen.

Aus däitscher Siicht huet de Softwarekonzern SAP sech als bescht placéiert, dat op der 44 (300 Milliarden Dollar). Si hunn allerdéngs am Verglach zu 2024 12 Plazen am Ranking verluer.

Back to Top
CIM LOGO