
Obwuel et an den USA ëmmer nees zu Amokleef kënnt, awer ass et onwarscheinlech, dass duerch de Virfall am Maine d’Waffegesetzer verschäerft ginn.
An der klenger Stad Lewiston am U.S. Bundesstaat Maine huet en Amokleefer an enger Wirtschaft an an enger Bowling Alley ëm sech geschoss an 18 Leit ëmbruecht an der Dosende blesséiert.
Wärend enger grouss ugeluechter Mënschejuegd mat Honnerte vu Poliziste gëtt elo nom 40 Joer ale Robert Card gesicht. Hie wier e Waffeninstrukter an der Army Reserve am Maine, a war am Summer dëst Joer an engem psychiatresche Spidol a Behandlung.
De Staat Maine huet eng staark Traditioun vun individuellem Waffebesëtz, an et brauch een zum
Beispill kee Permis, fir eng Waff ze hunn oder ze droen. Trotzdeem ass d’Waffekriminalitéit fir amerikanesch Verhältnisser do zimmlech niddereg. Eng Rei vu Proposen, fir d’Waffegesetzer am Maine ze verschäerfen, sinn an de leschte Joren ëmmer op en Neits vun de Wieler refuséiert ginn.
Lewiston ass de 36. Massemord mat Schosswaffen an den USA dëst Joer, bei deenen am Ganzen 188 Leit em d’Liewe komm sinn. Et gëllt als esou e Massemord, wa wéinstens véier Leit dobäi hiert Liewe verléieren.
Obwuel Sondagen no eng grouss Majoritéit vun Amerikaner gär méi streng Waffegesetzer hätt, geschitt um politesche Plang näischt. Dat läit deelweis um Afloss vun der National Rifle Association (NRA), enger Waffelobby, där hier Millioune Memberen bei Wale ganz empfindlech op all Versuch vu Restriktiounen reagéieren.
De Problem läit awer och bei der Interpretatioun vum sougenannten 2. Amendement vun der US-Constitutioun, deen dat individuellt Recht op Waffebesëtz garantéiert. D’Meenungen ginn auserneen, ënnert wat fir enge Konditiounen dat garantéiert ass. Den ieweschte Geriichtshaff vun den USA huet an de leschte Joren dat Recht ëmmer méi wäitleefeg interpretéiert, an eng ganz Partie Waffegesetzer vu verschiddene Staate gekippt.
Et ass onwarscheinlech, dass sech dorun och no dëser Schéisserei am Maine wäert eppes änneren.
Täter ass nach op der Flucht: Op d’mannst 16 Doudeger no Amoklaf am US-Bundesstaat Maine