
Nom Brand zu Crans-Montana mat 40 Doudege ginn ëmmer méi Detailer bekannt. Wéi de Schwäizer Sender RTS mellt, gëtt och géint ee vun de Brandschutz-Experte vun Crans-Montana enquêtéiert. Schonn 2022 gouf et e Brand mat e puer Blesséierten, eng 400 Meter vun der Bar “Le Constellation” ewech. Eng Affär, déi elo vill Froen opwërft iwwer d’Seriositéit vun de Brandschutz-Kontrollen an der Gemeng. De Profil vun de sougenannten Experte gëtt a Fro gestallt. Zwee dovunner ware fräiwëlleg Pompjeeën, mee ouni spezifesch Formatioun am Beräich vun der Brandschutz-Preventioun. An hir Nimm wieren och net am nationale Regëster vu Brandschutzspezialisten ze fannen, sou steet et op RTS.
E Samschdeg ass jo och vum Schwäizer Sender gemellt ginn, dass de Bedreiwer vun der Bar am Kader vun der Enquête zouginn huet, datt d’Sortie de Service* vum “Le Constellation” um Rez-de-chaussée, an der Silvesternuecht vu bannen zougespaart war. Deemno hätt de Jacques Moretti, kuerz nodeems d’Feier ausgebrach ass, d’Dier vu baussen opgebrach. Hannendrun hätt hien e puer lieflos Kierperen entdeckt, déi openee louchen, sou mellt et RTS vun hire Sourcen. Den Ermëttler géigeniwwer hätt de Moretti erkläert, datt d’Sortie de Service “net als Noutausgang gekennzeechent war”. De Bedreiwer vun der Bar huet och zouginn, dass hie selwer d’Mousse um Plaffong 2015 changéiert hätt.
De Mann gouf e Freideg nom Verhéier wéinst Fluchtgefor verhaft an an Untersuchungshaft bruecht. Seng Partnerin a Co-Gérante vun der Bar ass op fräiem Fouss. Si huet sech e Freideg eng éischte Kéier ëffentlech geäussert a sech bei den Affer an hire Famillen entschëllegt.
*An enger éischter Meldung hat RTS vum Noutausgang geschwat. De Sender huet dëst awer rectifiéiert. Ob den Noutausgang, deen am Sous-Sol war, op oder zou war, muss nach ëmmer gekläert ginn.