Bedreiwer gëtt zouNoutausgang vu Bar zu Crans-Montana war vu bannen zou

AFP, iwwersat vun RTL
Nom Brand zu Crans-Montana an der Schwäiz mat 40 Doudege ginn elo ëmmer méi Detailer bekannt.
Gut eine Woche nach der verheerenden Brandkatastrophe bei einer Silvester-Party im Schweizer Skiort Crans-Montana hat sich die Mitbetreiberin der Unglücksbar erstmals öffentlich geäußert und um Entschuldigung gebeten.
D’Bedreiwer-Koppel vun der Bar “Le Constellation” zu Crans-Montana.
© AFP

Wéi de Schwäizer Sender RTS mellt, hätt de Bedreiwer vun der Bar elo am Kader vun der Enquête zouginn, datt den Noutausgang vum “Le Constellation” an der Silvesternuecht vu bannen zougespaart war. De Jacques Moretti gouf e Freideg wéinst Fluchtgefor verhaft an an Untersuchungshaft bruecht. De Parquet huet donieft op seng Aussoen am Verhéier a seng Vergaangenheet verwisen: De Jacques Moretti war 2018 a Frankräich scho wéinst Zouhälterei verurteelt ginn. Sengem Affekot no muss e Geriicht d’Untersuchungshaft bannent 48 Stonne confirméieren. Seng Fra a Co-Gérante vun der Bar ass virop nach op fräiem Fouss.

Co-Gérante entschëllegt sech fir “onvirstellbar Tragedie”

Gutt eng Woch no der Brandkatastroph bei enger Silvesterparty zu Crans-Montana an der Schwäiz huet sech d’Co-Gérante vun der Bar eng éischte Kéier ëffentlech geäussert a sech entschëllegt. “Meng Gedanke sinn dauernd bei den Affer an de Mënschen, déi nach haut ëm hiert Iwwerliewe kämpfen”, sot d’Franséisin Jessica Moretti e Freideg viru Journalisten. An hirer Bar wier eng “onvirstellbar Tragedie” geschitt. “Dofir wëll ech mech entschëllegen”, huet si betount.

Beim Feier an der Bar “Le Constellation” ware 40 Leit ëm d’Liewe komm an 114 blesséiert ginn, dorënner vill liewensgeféierlech. E Freideg gouf um nationalen Trauerdag mat enger Schweigeminutt an enger Trauerfeier den Affer geduecht. Gläichzäiteg goufen d’Bedreiwer vun der Bar - déi franséisch bestuet Koppel Jacques a Jessica Moretti - iwwer sechs Stonne laang vum Parquet befrot. Géint déi zwee Fransouse gëtt wéinst Homicide a Blessures involontaires ermëttelt an och wéinst Brandstëftung volontaire par négligence.

Éischten Ermëttlungen no war de Brand am Keller wuel duerch Späizmännercher ausgeléist ginn, déi op Schampesfläsche festgemaach waren an ze no un de Plaffong koumen. D’Ermëttlunge konzentréiere sech aktuell ënner anerem op d’Fro, ob d’Schaumstoffdämung um Plaffong de Brandschutzvirschrëften entsprach huet. D’Gemeng huet zouginn, datt déi lescht Kontroll 2019 war.

Stellvertriedende Buergermeeschtesch gëtt Feeler zou

Néng Deeg no der déidlecher Brandkatasrtoph huet sech déi stellvertriedend Buergermeeschtesch vun der Gemeng sech ëffentlech entschëllegt a Feeler zouginn. D’Nicole Bonvin Clivaz huet an engem Interview mam Schwäizer ëffentlech-rechtleche Sender “RTS” gesot: “Mir entschëllegen eis opriichteg bei de Familljen, déi traueren a leiden, a bieden ëm Verzeiung. Mir wëllen si beschtméiglech ënnerstëtzen.” Um Enn huet si nach betount, dass een alles dofir maache wäert, dass esou eppes ni méi wäert virkommen.

Am Hibléck, dass d’Etablissement esou laang net kontrolléiert gouf, huet si ausgesot, dass si “d’Verantwortung fir dëse Manktem droen. D’Enquête géif weisen, wou d’Lacunnen opgetruede sinn”. “Haut hu mir nach keng endgülteg Äntwerten”, huet et weider geheescht.

D’Fro no engem méigleche Récktrëtt gouf net consideréiert. Dës Fro géif sech net stellen, au Contraire, et géif een nach méi schaffen, sou d’Clivaz.


Méi Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO