Fräiwëlleg Pompjeeë vu Crans-Montana temoignéieren "Mir hunn d'Häll erlieft"

Jeannot Ries
Eisen RTL-Reporter Jeannot Ries huet e Samschdeg de Mëtteg zu Crans-Montana mat engem Schwäiz-Lëtzebuerger Pompjee geschwat, deen an der fataler Silvesternuecht mat deen Éischten op der Plaz war.
Fräiwëlleg Pompjeeë vu Crans-Montana temoignéieren
De Steven Lanner war mat senger Pompjee-Ekipp als ee vun den Éischten op der Plaz zu Crans-Montana.

Op Silvester war de Steven Lanners am Stand-by, zesumme mat senger Pompjees-Kolleeginne Audrey Nemeth a sengem Chef d’équipe David Castillo. Am Interview beschreift hien déi chaotesch Zeene vun engem exzeptionellem Asaz, déi hien esou séier net méi wäert vergiessen. Hie geet op déi éischt Amenter an, wou den Trio virun der Bar “Le Constellation” ukomm ass. Wéi si iwwer e Gebai niewent der Bar an de Raum koumen, an deem et déi meescht Affer goufen: “D’Häll op Äerd”.

Besonnesch déi héich Zuel vun den Doudegen an de Schwéierblesséierten hätten den Asaz ganz schwéier gemaach. Méi maachen, wier awer net dra gewiescht, sou de Schwäiz-Lëtzebuerger. Zéng Deeg no der Brandkatastroph si si, grad wéi de ronn 200 Membere vun den Hëllefsekippen, déi déi Nuecht am Asaz waren, weider markéiert vun deem, wat si erlieft hunn. Si wäerten Zäit brauchen, fir dat Erlieften ze verschaffen.

Et ass iwwregens déi éischte Kéier, datt d’fräiwëlleg Pompjeeë mat der Press geschwat hunn. De Steven Lanners ass 30 Joer al an zanter 10 Joer bei de Pompjeeën zu Crans-Montana aktiv.

Gefreet hunn déi ganz Ekippen d’Wierder an den Zousproch, dee si e Freideg ënner anerem vum Grand Duc Henri, am Kader vun der Gedenkzeremonie zu Martigny kruten. De Steven Lanners krut e Freideg, zesumme mat anere Pompjeeë Merci gesot fir dat, wat si geleescht hunn.

Den 1. Januar 2026 wäerte si all ni méi an hirem Liewe vergiessen. Mat awer kloer dem Gefill, alles Mënscheméigleches gemaach ze hunn, fir Liewen ze retten. Fir 40 Affer sollt all Hëllef ze spéit kommen.

De David Castillo
Chef d’équipe bei de Pomjeeën zu Crans-Montana
D'Audrey Nemeth
War och an der Silvesternuecht am Asaz.
De Steven Lanners
Zanter 10 Joer zu Crans-Montana aktiv.


Back to Top
CIM LOGO