
No der Dot konnt de Mann sech nach duerch d’Bascht maachen, wéi de Parquet matdeelt, awer owes gepëtzt ginn. Éischten Ermëttlungen no hat de Mann un de Statioune République, Arts et Métiers an Opéra zougeschloen, respektiv gestach. Dës Statioune leien op enger Metro-Linn. Duerch Opname vun Iwwerwaachungskamerae konnt den Täter identifizéiert ginn, spéider gouf du säin Handy geuert an hie konnt festgeholl ginn.
De 25 Joer ale Mann ass dem Parquet no an der Vergaangenheet scho méi dacks wéinst Strofdoten opgefall. Géint hie gëtt elo wéinst versichtem Doudschlag a Kierperverletzung ermëttelt. Zwou vun de blesséierte Frae waren a Spideeler bruecht ginn, déi Drëtt huet sech selwer gemellt, fir Hëllef ze kréien. Keent vun den Affer gouf liewensgeféierlech blesséiert.
Wéi et aus dem franséischen Inneministère heescht, handelt et sech beim Verdächtegen ëm ee Mann aus dem Mali, dee schonn an der Vergaangenheet stroffälleg gi war, an deen eigentlech hätt sollen aus dem Land ausgewise ginn. De Ministère huet erkläert, datt hien am Januar 2024 wéinst Klauen an enger sexueller Strofdot zu enger Prisongsstrof verurteelt gi war. No senger Entloossung am Juli 2025 hätt e Frankräich u sech misse verloossen, ma well déi néideg Dokumenter fir seng Ausweisung net konnte fonnt ginn, gouf hien no 90 Deeg aus dem Centre de retour entlooss.
De franséischen Inneminister Laurent Nunez hat d’Sécherheetsorganismen d’lescht Woch zur “maximaler Virsiicht” viru Silvester opgeruff. Wéinst enger “immens héijer terroristescher Menace” an “der Gefor, dass d’ëffentlech Uerdnung gestéiert gëtt”, sollten d’Sécherheetsmesuren am ganze Land verschäerft ginn. Dofir sollt siichtbar méi Presenz gewise ginn, déi ofschreckend soll wierken. Virun allem am ëffentlechen Transport sollt een oppassen, sot den Nunez.