Wéi et vun der mexikanescher Marinn heescht, déi d’Eisebunnslinn bedreift, sinn doriwwer eraus och 98 weider Persoune blesséiert ginn. Den Zuch war mat 250 Leit u Bord vu Salina Cruz un der Pazifikküst ënnerwee op Coatzacoalcos am Bundesstaat Veracruz beim Golf vu Mexiko.
Der mexikanescher Presidentin Claudia Sheinbaum no goufen déi Blesséiert a Spideeler zu Salina Cruz an an der Ëmgéigend agewisen. Den zoustännege Minister wéi och ee fir Mënscherechter zoustännege Staatssekretär vum Inneministère goufe vun hir ugewisen, déi concernéiert Familljen op der Plaz perséinlech ze betreien. Eng Enquête zur Ursaach vum Accident gouf vum Parquet an d’Weeër geleet.