
Op d’mannst 24 Mënsche si bei dräi arméierten Attacken ëm d’Liewe komm, dorënner eng Dose Polizisten.
De lokalen Autoritéiten no goufen 13 Ziviliste bei engem Ugrëff zu Coyuca de Benítez ëmbruecht an zwee weiderer blesséiert. Op d’mannst 11 Poliziste wieren ënnert den Doudesaffer, wéi et vum Vize-Procureur vum Bundesstaat Guerrero heescht. Medieberichter, deenen no de ranghéije Sécherheetsbeamten och ëm d’Liewe koum, goufe bis ewell net confirméiert.
Bei enger weiderer Attack am Bundesstaat Michoacán goufe véier Zivilisten an ee Polizist ëmbruecht. De Brudder vum Buergermeeschter vu Tacámbaro, dee vun engem arméierte Grupp attackéiert gouf, huet blesséiert iwwerlieft.
Iwwerdeem sinn op d’mannst 6 Mënsche bei enger Schéisserei tëscht Drogendealer am Bundesstaat Puebla ëmkomm.