
Honnerten Awunner goufe schonns vu Pompjeeën an der Arméi aus liewensgeféierleche Situatioune gerett. Meeschtens mat Hëllef vu klenge Booter, well keng Helikopteren an den Asaz kënnen, wéinst ze staarkem Wand a Reen.
Op d’mannst sechs Mënsche si bis ewell bei den Iwwerschwemmungen ëm d’Liewe komm, mä vill Leit ginn nach vermësst.
E Porte-Parole vun der Regierung huet d’Regioun vun Thessalien a Mëttel-Griichenland mat engem eenzege grousse Séi verglach. Bannent just engem Dag si plazeweis bis zu 800 Liter Reen pro Quadratmeter gefall, souvill wéi nach ni, zanterdeem dass d’Wieder am Land opgezeechent gëtt.