
Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'EU-Kommissioun bei alle Beméiungen, fir der Ukrain ze hëllefen. Dat huet de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden nom EU-Sommet e Freideg den Owend virun der Press confirméiert.
"Opginn oder nogi kann net d'Léisung sinn. Wa mir dat maachen, wënnt den Aggresseur Russland. An et geet dem President Putin - wann ech dat esou soen däerf - 'net nëmmen' ëm zwou Provënzen. Hie wëll déi ganz Ukrain iwwerfalen. A wann hien do wënnt, da gi mir dovun aus, dass Russland op weidere Plazen an Europa géif virufueren."
Nieft der militärescher a finanzieller Ënnerstëtzung fir d'Ukrain wëllen d'EU-Staats-a Regierungscheffen Drock op Russland maachen. Ouni dass dat e konkret Verbuet wär, hu si sech drop gëeenegt, russesche Staatsbierger keng oder esou wéineg ewéi méiglech Touriste-Visae fir Europa z'accordéieren. Dat huet de Luc Frieden confirméiert. Hie wéilt den Ausseminister Xavier Bettel doriwwer informéieren a sech mat him beroden.
D'Migratiounspolitik war en Thema iwwert dat d'EU-Staats- a Regierungscheffen diskutéiert hunn a sech um Enn net eens goufen.
"Mir hu keng Conclusioun an dësem Dossier ugeholl. Och zum Deel, well do e Langage dra war, deen net de fundamentale Wäerter entsprécht, fir déi mir an Europa stinn. Ech hunn och op deem Punkt intervenéiert. Mir sinn net d'Accord, dass een alles an een Dëppe geheit. Et gi verschidden Zorte vu Migratiounen. An net alles, wat an de Länner net riicht leeft, kann een zeréckféieren op Migratioun oder illegal Migratioun. Dee Melange, deen do vu verschiddene gemaach ginn ass, hunn ech ganz schaarf rejetéiert."
Illegal Migratioun misst awer bekämpft ginn, där Meenung ass och de Premier Luc Frieden. Et bréicht europäesch Léisungen. An et wär e Fait, dass d'Mesuren aus dem EU-Asyl- a Migratiounspakt hir éischt Friichten droe géifen. Dem Luc Frieden no géif et 50 Prozent manner illegal Awanderunge ginn. De Retour vun de Persounen, déi net dierfen an Europa bleiwen, ass ëm 14 Prozent geklommen. Déi statistesch Tendenzen an der EU géifen och fir Lëtzebuerg gëllen.
Legal Migratioun bréicht et an Europa a virop zu Lëtzebuerg awer allemol, esou de Luc Frieden. Se wär noutwenneg fir d'Ekonomie.