Saudi-Arabien mécht d'Huthi-Miliz responabelOp'mannst zwielef Doudeger bei Rakéitenattack op Fluchhafen zu Riad

AFP, iwwersat vun RTL
D'Militär-Koalitioun fir d'Bekämpfung vun den Huthi huet no der déidlecher Attack eng decisiv Reaktioun annoncéiert.
Huthi-Miliz
Kämpfer un der Huthi-Miliz mat Rakéitewerfer.
© MOHAMMED HUWAIS/AFP

Bei enger Rakéitenattack op den internationale Fluchhafe vun der saudi-arabescher Haaptstad Riad sinn op d'mannst zwielef Leit ëm d'Liewe komm. 309 Persoune goufe blesséiert, verschiddener vun hinne sollen a Liewensgefor schwiewen. Saudi-Arabien mécht déi pro-iranesch Huthi-Miliz fir d'Attack responsabel.

Et handelt sech ëm déi déidlechst Attack a Saudi-Arabien zanter 2015. Deemools ware bei engem Selbstmord-Attentat vun der dschihadistescher IS-Miliz 21 Leit an enger Moschee am Bezierk Katif gestuerwen.

Déi vu Saudi-Arabien ugefouert Militär-Koalitioun géint d'Huthi-Rebellen bezeechent d'Rakéitenattack als "feigen terroristeschen Ugrëff" an huet eng decisiv Reaktioun annoncéiert.

Den US-President Donald Trump huet d'Attack an enger éischter Reaktioun als "net akzeptabel" bezeechent. Hie wéilt mam saudi-arabesche Krounprënz Mohammed bin Salman iwwer den Ugrëff schwätzen.

Back to Top
CIM LOGO