Walen an IsraelOppositioun Prognosen no vir, kënnt awer net op Majoritéit

RTL mat AFP
Fir déi absolut Majoritéit am Knesset brauch een awer 61 Sëtz, déi den Ëmfroen no awer keng Partei oder Allianz aktuell erreecht.
Eng knapp Course, bei där awer wuel all déi bedeelegt Parteien oder Allianzen d'Majoritéit verfeelen, deit sech an Israel un.
Eng knapp Course, bei där awer wuel all déi bedeelegt Parteien oder Allianzen d'Majoritéit verfeelen, deit sech an Israel un.
© JACK GUEZ/AFP

Bei de Parlamentswalen an Israel huet den Oppositiounsblock ëm de Mëtt-Riets-Politiker Gadi Eisenkot den éischte Prognosen no méi Sëtz kritt wéi d'Regierungskoalitioun ëm de Regierungschef Benjamin Netanjahu. Wéi en Dënschdeg den Owend méi israeelesch Sendere mellen, a sech dobäi op Ëmfroen no dem Walen beruffen, géif d'Allianz ëm den Eisenkot op 52 bis 53 Sëtz kommen an dem Netanjahu seng Koalitioun op 50.

Däitlech dobäi gewonnen hunn deemno arabesch Parteien. Déi islamesch-konservativ Raam-Partei géif op siwe Sëtz kommen, déi lénksgeriicht Vereenegt Lëscht op zéng bis eelef. Arabesch Parteie kënnen also enger Koalitioun am Parlament zu enger Majoritéit verhëllefen.

Éier d'Wallokaler hir Dieren zougemaach hunn, hat sech eng aussergewéinlech héich Participatioun ugedeit. Schonn um 18 Auer Lokalzäit haten der Zentraler Walkommissioun no 66,7 Prozent vun de ronn 7,3 Millioune Walberechtegten hir Stëmmen ofginn. Dëst war den héchste Wäert zu dësem Zäitpunkt vun enger Wal zanter deem een am Joer 1973 ugefaangen huet, dës Statistik ze féieren. Et war déi éischt Parlamentswal an Israel zanter dem Iwwerfall vun der Hamas den 7. Oktober 2023.

Thema um Waldag selwer ware méiglech Manipulatiounen. Den Netanjahu hat der arabescher Raam-Partei Walbedruch virgeworf. D'Police mellt dräi Leit, déi festgeholl goufen, well de Verdacht besteet, datt si Leit bestach hunn, fir Stëmmen ze kréien. D'Walkommissioun schwätzt hei vun Eenzelfäll. D'Ufro vum Netanjahu senger Likud-Partei, fir d'Walbüroe méi laang op ze loossen, hat d'Kommissioun ofgeleent.

Back to Top
CIM LOGO