
Den Norbert Haupert ass dout. De fréiere Leeschtungssportler, Sportfonctionnaire a laangjäregen Ex-CSV-Deputéierten ass am Alter vun 86 Joer gestuerwen.
Den Norbert Haupert war als Jonke Liichtathlet, dee virun allem op Mëttelstrecke gelaf ass, 1960 selwer bei den Olympesche Spiller zu Roum dobäi. Deemools war Lëtzebuerg mat 62 Sportler an der italieenescher Haaptstad vertrueden.
Duerno gouf de Leefer zwee mol (1962 an 1963) zum Sportler vum Joer gewielt.
A spéidere Jore war den Norbert Haupert als President vun der Liichtathletikfederatioun (1973-1979) an och wärend 10 Joer vum COSL aktiv (1989-1999).
Op politeschem Plang war den Norbert Haupert als CSV-Süd-Deputéierte 14 Joer tëscht 1999 an 2013 an der Chamber aktiv. Héichpunkt an där Carrière war sécherlech 2008, wéi hie Budgetsrapporter fir d'Joer 2009 war.
Eng vun de wichtegen net-politeschen Etappen am Liewe vum Norbert Haupert war d'Ernennung 2018 zum éischte President vum nei gegrënnte Kierchefong. Zu deem Sujet dës Aussoe vum Norbert Haupert an engem RTL-Interview am Mee 2018:
Den Norbert Haupert gouf nieft sengem nationalen CSV-Deputéierte-Mandat och fir seng Partei an de Monnerecher Gemengerot gewielt. Hei war den Norbert Haupert als beléifte Lokalpolitiker bekannt, deen ëmmer en oppent Ouer fir d'Suerge vun de Monnerecher hat, déi Gemeng, wou de gebiertege Schëfflenger bis elo gewunnt huet.
Den Norbert Haupert ass lo wéi gesot am Alter vun 86 Joer gestuerwen.