Bei QualitéitskontrollenOpsiicht gesäit deels massiv Problemer bei Boeing

RTL Lëtzebuerg
D'Opsiicht vun der US-Loftfaart FAA huet bei Ënnersichungen no engem Virfall, bei deem et bal zu engem Accident koum, Problemer bei der Qualitéit fonnt.
© HANDOUT NTSB AFP

Ënnert anerem bei der Iwwerwaachung vun der Produktioun, dem Ëmgang mat Baudeeler, sou wéi bei der Kontroll vun der Produktioun soll et deels zu massive Verstéiss komm sinn, sou d’FAA.

Dës Préiwunge vun der FAA goufe vun engem rezenten, dramateschen Tëschefall ausgeléist, bei deem en Deel vun enger quasi neier Boeing 737-9 Max kuerz nom Start aus dem Bauch vum Fliger erausgebrach ass. Hei waren 170 Persounen u Bord, ma kee gouf eeschthaft blesséiert. Zoufällegerweis waren déi zwou Plaze beim Lach, dat entstanen ass, eidel.

Trotz de Problemer an der Kritik huet Boeing e Méindeg eng gréisser Bestellung vun American Airlines. D’US-Fluchgesellschaft huet eng Bestellung vun 260 Fligere bekannt ginn, dorënner 85 Maschinne vum Typ Boeing 737-10 Max.

Back to Top
CIM LOGO