Nordrhein-WestfalenOptakt vu Prozess wéinst sexuellem Mëssbrauch an dausende Fäll géint Judotrainer

RTL Lëtzebuerg
Zu Hagen an Däitschland huet en Donneschdeg e Geriichtsprozess géint e Jugendtrainer am Judo ugefaangen.
© FRANK RUMPENHORST DPA dpa Picture-Alliance via AFP

De Parquet reprochéiert dem Mann sexuelle Mëssbrauch an 1.219 Fäll, dorënner och schwéiere sexuelle Mëssbrauch vu Kanner a Jugendlechen an d’Produzéiere vu kannerpornographeschem Material. Ausserdeem muss hie sech wéinst Kierperverletzung veräntwerten.

De 34 Joer ale Mann soll a senger Funktioun als Trainer vill Jonge kennegeléiert an hiert Vertraue géint sexuell Iwwergrëffer ausgenotzt hunn. Insgesamt soll et 23 Affer ginn. Zu den Iwwergrëffer wier et wärend an nom Training komm. Dat ënner anerem an de Vestiairen.

De Mann hätt deelweis och privat Kontakt mat sengen Affer opgebaut. Dowéinst wier et och a senger Wunneng zu Iwwergrëffer komm.

Back to Top
CIM LOGO