WestjordanlandPalästinenser bréngt zwou Persounen am Norde vun Israel ëm

RTL Lëtzebuerg
Am Norde vun Israel gouf eng Fra mam Messer attackéiert an e Mann gouf vum Täter iwwerrannt.
© AFP Archivbild

E Palästinenser aus dem Westjordanland huet am Norde vun Israel eng Fra néiergstach an e Mann iwwerrannt, éier hie vun der Police ugeschoss a gestoppt gouf.

“Den Ermëttlungen no war dëst eng Terrorattack, déi an der Stad Beit Shean ugaangen ass, wou e Foussgänger iwwerrannt gouf,” heescht et vun der Police. “Méi spéit gouf eng jonk Fra an der Géigend vun der Road 71 néiergestach”, dono koum et zu engem Schosswiessel zu Afula, “nodeem aner Zivilsten intervenéiert waren”, heescht et weider. Den Ugräifer wier an d’Spidol bruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO