
Et wier net méi méiglech d’Äerderwiermung ënnert dem eigentlechen Zil vu Plus annerhallwem Grad Celsius ze halen. Den Ament géif een éischter op Plus 3 Grad bis zum Enn vum Joerhonnert histeieren, mengen d’Wieder-Fuerscher, déi virun ëmmer méi extreme Meteoskonditioune warnen.
Et wéilt een net a Pessimismus verfalen an Ënnergangszenarie skizzéieren, mä et misst ee sech dermat offannen, dass déi aktuell Ziler onrealistesch sinn, heescht et zu Hamburg.
Fir eis konkret hei a Westeuropa bedeit dat, dass mir et och ëmmer méi dacks mat grousser Dréchent oder Staark-Reen ze di kréien, well d’Temperatur vum Mëttelmier och ëmmer weider klëmmt.