
Wéi d’Noriichtenagence AFP matdeelt, huet de guatemalteekesche Procureur an engem Video erkläert, datt den Asaz d’Resultat vu länneriwwergräifenden Ermëttlunge wier.
Bei den Enquêtë géing et ëm Handlunge goen, déi am Zesummenhang mat Verstéiss a Mësshandlung vu guatemalteekesche Kanner stoe kéinten. An deem Kontext hunn d’Autoritéite vum zentralamerikanesche Land och Procureuren aus dem US-Bundesstaat Texas ëm Ënnerstëtzung gefrot.
Och e Spriecher vu “Save the Children” huet d’Perquisitioun an de Büroen an der Haaptstad confirméiert. Méi genee an den Detail wollt hien awer net goen. D’Hëllefsorganisatioun fir Kanner huet 1983 e Büro am Guatemala opgemaach.