Famill stierft bei Feier zu Solingen (D)Police geet vu Brandstëftung aus, Ermëttlunge wéinst Mord lancéiert

RTL Lëtzebuerg
No den Ermëttlungen am Brand an engem Appartementshaus zu Solingen, bei deem eng Famill vu 4 Leit gestuerwen ass, geet d'Police vu Brandstëftung aus.
© Oliver Berg / DPA via AFP

Wéi de Parquet vu Wuppertal e Mëttwoch matdeelt, hunn d’Brandermëttler am Trapenhaus vum Appartementshaus zu Solingen Reschter vun engem “Brandbeschleuniger” fonnt. Déi däitsch Police geet dowéinst dovun aus, datt d’Feier mat Virsaz geluecht gouf. De Parquet ermëttelt deemno elo wéinst Mord.

Beim Feier e Méindeg war eng Koppel mat hiren zwee Kanner ëm d’Liewe komm, néng weider Mënsche goufe blesséiert. Wéi d’Noriichtenagence AFP schreift, waren d’Elteren 28 an 29 Joer al, dat eelst Kand knapp dräi Joer an de Puppelchen eréischt 5 Méint al. D’Famill koum aus Bulgarien, Hiweiser op e friemefeindlecht Motiv ginn et awer keng, wéi et vun den Ermëttler heescht.

De Brand ass der Enquête no am Trapenhaus ausgebrach an huet sech bannent e puer Minutte bis op de Späicher ausgebreet. Duerch d’Spuere vum “Brandbeschleuniger” mussen d’Beamten dovun ausgoen, datt d’Feier virsätzlech geluecht gouf.

Well d’Trapenhaus komplett a Brand stoung, hate sech d’Läschaarbechte méi schwéier erausgestallt. Deelweis waren 120 Pompjeeën am Asaz. Déi véier Läiche vun den Affer konnten no de Läschaarbechten nëmmen nach dout aus dem Haus gebuerge ginn.

Back to Top
CIM LOGO