
E puer Patrulle solle ronderëm déi bekannte Party-Stroossen, wéi d’Bier- a Schinkenstrasse an d’Punta-Ballena-Strooss, positionéiert ginn. An den Asaz kommen ënner anerem Beamte vun der lokaler Police, der nationaler Police an der Guardia Civil.
Et soll verhënnert ginn, dass sech op deene bekannte Party-Meilen Mënsche versammelen.
Anescht wéi een unhuele kann, sinn et awer net just Touristen, déi sech do treffen. Um “Balneario 1" un der Playa de Palma sinn et antëscht och vill Spuenier, wéi lokal Medie mellen.
Scho virun e puer Deeg hat d’Regierung vu Mallorca an den Nopeschinselen d’Fermeture vu sämtleche Baren a Caféen an der Bier- a Schinkenstrasse an der Punta-Ballena-Strooss decidéiert. Dat vun dësem Weekend un, dowéinst och déi verschäerft Policekontrollen. Dës Mesure gëllt fir 2 Méint.
Donieft ginn déi laang Stréihällem a Glieser, déi en hallwe Liter oder méi Flëssegkeet faasse kënnen, verbueden. Héich Dëscher, un deenen d’Leit stinn, sinn och ënnersot.