Reesbus-Accident bei LeipzigPolice korrigéiert Zuel un Doudesaffer vu 5 op 4

RTL Lëtzebuerg
Nodeems ufanks vu 5 Doudesaffer rieds war, huet d'Police e Mëttwoch den Owend d'Zuel op 4 Doudeger korrigéiert. Déi 5. Persoun wier a Liewensgefor.
© JAN WOITAS DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Et soll ausserdeem méi wéi 20 deels schwéier blesséiert Leit ginn. Wéi ënnert anerem NTV schreift, heescht et vun Aenzeien, datt de Bus aus nach onbekannter Ursaach riets vun der Fuerbunn ofkoum an op d’Säit gefall ass.

D’Firma “Flixbus” huet confirméiert, datt ee vun hire Gefierer am Accident involvéiert war. U Bord vum Doppeldeckerbus waren zum Zäitpunkt vum Accident 53 Gäscht an zwee Chauffer.
Véier Rettungshelikopter an eng sëllegen Ambulanze waren e Mëttwoch de Moien op der Plaz, nodeems et géint 9.45 Auer tëscht Wiedemar an dem Schkeuditzer Kreuz geknuppt hat. D’Autobunn ass a Richtung München an a Richtung Berlin den Ament komplett gespaart.

Ufanks hat d’Police 5 Doudesaffer gemellt, dës Zuel gouf awer e Mëttwoch den Owend op 4 erof korrigéiert. D’Persoun, déi fälschlecherweis fir dout gemellt gouf, wier awer a Liewensgefor, heescht et vun der Policedirektioun Leipzig.

Back to Top
CIM LOGO