
D’Droge waren a Banannekëschte verstoppt, wéi d’Police matdeelt. Alarméiert gouf déi hollännesch Police vun der belscher Douane, déi bei Ermëttlunge géint Drogeschmuggler am Hafe vun Antwerpen Kokain an engem Banannecontainer entdeckt hat.
D’Beamten hunn de Camion bis Bleiswijk nërdlech vu Rotterdam verfollegt. Wéi d’Schmuggler d’Drogen aus dem Camion ausluede wollten, huet eng Spezialeenheet agegraff an ee Mann aus Polen, dräi aus Holland an zwee aus der Belsch festgeholl.