Rheinland-PfalzPolice sicht no ausgebrachenem Mäerder

RTL Lëtzebuerg
Am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz gëtt den Ament an engem Groussasaz vun der Police no engem Mäerder gesicht, deen aus dem Prisong geflücht ass.
© LINO MIRGELER DPA dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi et vun der Police a vum Parquet heescht wier de Mann e Méindeg am Kader vun engem geplangten Ausgang un engem Séi geflücht. Dat obwuel hien deen Ament vun 2 Giischtercher begleet gouf. Hie wier an e Bësch gelaf an zanterdeem net méi gesi ginn. Hien hat eng elektronesch Foussfessel un, déi awer kuerz no senger Flucht zu Germersheim fonnt gouf.

Et gouf eng Sichaktioun lancéiert un där och de Policehelikopter an eng Hondsstaffel bedeelegt sinn. Ausserdeem géif ee Plaze kontrolléieren, bei deenen een dovun ausgeet, dass de Mann dës méiglecherweis opsiche kéint. Bis ewell hätten d’Mesuren awer keng Resultater bruecht.

De Mann, no deem gesicht gëtt, war 2012 vun engem Geriicht zu Karlsruhe ënner anerem wéinst Mord zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO